Jacques Thilmany
Ausgesinn
Jacques Thilmany | |
---|---|
Gebuer |
4. Januar 1879 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
15. Februar 1967 Nidderkolpech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
De Jacques Thilmany, gebuer de 4. Januar 1879 an der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen de 15. Februar 1967 zu Nidderkolpech[2][3], war e lëtzebuergesche Schéiereschläifer a Politiker.
Hie war vun 1925 bis 1934 Deputéierte vun der Aarbechterpartei vum Walbezierk Süden.[4]
De Jacques Thilmany war och Schäffe vun der Gemeng Esch-Uelzecht.[5]
De Jacques Thilmany gëllt nieft dem Dr. Michel Welter als ee vun de Grënner vun der Sozialdemokratescher Partei, déi hie kuerz drop awer nees verlooss huet fir d'Sozialdemokratesch Aarbechterpartei matzegrënnen.[6] Hien ass och ee vun de Matgrënner vun der Zeitung Der arme Teufel.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gebuertsakt Nr. 7 vum 5. Januar 1879
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 23. Februar 1967
- ↑ (falsche) Gebuertsdag an Doudesdag vum Jacques Thilmany op der Websäit feblux.lu
- ↑ Noruf op de Jacques Thilmany an der 30. Sëtzung vun der Chamber den 21. Februar 1967
- ↑ Opzielung vum Schäfferot vun der Gemeng Esch op der 2. Säit
- ↑ Romain Hilgert: "Die älteste Partei des Landes feiert ihren 100 Geburtstag." d'Lëtzebuerger Land, 31. Oktober 2002.