Johannes Brahms
Johannes Brahms | |
---|---|
Pseudonym | G.W. Marks |
Gebuer |
7. Mee 1833 Hamburg |
Gestuerwen |
3. Abrëll 1897 Wien |
Doudesursaach | Liewerkriibs |
Nationalitéit | Hamburg |
Aktivitéit | Komponist, Dirigent, Pianist |
Member vun | Académie des beaux-arts, Akademie der Künste Berlin |
De Johannes Brahms, gebuer de 7. Mee 1833 zu Hamburg, a gestuerwen den 3. Abrëll 1897 zu Wien, war en däitsche Komponist.
Vu sengem Papp dee Kontrabassist war huet de Johannes Brahms eng grëndlech Museksausbildung kritt an hien ass mat 10 Joer fir d'éischt als Pianist opgetrueden. Seng éischt Kompositounen huet hie bis op wéineg Ausname selwer zerstéiert.
1853 ass hie mam éisträichesche Violonist Reményi op eng Concertsrees gaangen an hien huet sech dobäi zu Hannover mam Violonist Joseph Joachim ugefrënnt, deen him de Robert Schumann virgestallt huet. Deen huet hien enthusiastesch der deemoleger Musekswelt als een zukünftegt Genie ugekënnegt. Dorophinn konnt de Brahms séier Frënn an Unhänger gewannen a souguer e puer Jugendwierker publizéieren.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Johannes Brahms – Biller, Videoen oder Audiodateien |