Pierre Schumacher
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Pierre Schumacher | |
---|---|
Gebuer |
3. Januar 1936 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Institut catholique de Paris, École nationale supérieure des beaux-arts |
Aktivitéit | Architekt, Moler, Auteur |
Famill | |
Papp | Hubert Schumacher |
De Pierre-Charles, genannt Pit Schumacher, gebuer den 3. Januar 1936 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Moler, Schrëftsteller a pensionéierten Architekt.
Hien ass de Bouf vum Architekt a fréieren Direkter vun der Administration des bâtiments publics, dem Hubert Schumacher.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Pit Schumacher huet seng Première am Jongelycée an der Stad gemaach, dräi Joer laang Philosophie am Institut catholique de Paris an duerno Architektur op der École des beaux-arts zu Paräis studéiert. Als diploméierten Architekt hat hie vun 1967 bis 1996 en Architektebüro an der Stad.
De Pierre Schumacher ass och Moler a Schrëftsteller. Hien hat eng Rei Ausstellungen zu Lëtzebuerg an huet dräi Gedichter-Sammlunge vum Raymond Schaack illustréiert. Hien huet och verschidde Bicher geschriwwen, grad wéi Gedichter a philosophesch Iwwerleeungen an Nos cahiers an an de Cahiers luxembourgeois.
Hie war eng Zäit laang Member vum Conseil national du livre, bis 2013 President vum Institut grand-ducal, Section des arts et lettres an ass zënter 2012 och membre correspondant vun der Académie nationale vu Metz.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]Architektur
[änneren | Quelltext änneren]Auswiel vun de Bauwierker vum Pit Schumacher:
- Landesbank Schleswig-Holstein, Kirechbierg (zesumme mam F. Fabeck)
- Christiana Bank, Lampertsbierg
- Den Norske Kredietbank, Uewerstad (zesumme mam A. Theisen)
- Centre Financier Paribas, Uewerstad (zesumme mam F. Fabeck)
- Hôtel Le Royal, Uewerstad
- Résidence Hôtel de Luxembourg, Uewerstad
Molerei
[änneren | Quelltext änneren]De Pit Schumacher hat eng Rëtsch Ausstellungen, dorënner:
- Structures Oniriques (Hôtel Le Royal, 1989)
- Arrière-Pays (Hôtel Le Royal, 1991)
- Lieux (Hôtel Le Royal, 1994)
- Terrain Vague (Hôtel Le Royal, 1997)
- Correspondances (Art Gallery, 1999)
Hien huet och verschidde literaresch Wierker Illustréiert, ë. a.:
- Raymond Schaack: Miniatures (1986)
- Raymond Schaack: Onyx (1996)
- Paul Kremer: Ein Denken für das XXI. Jahrhundert (2007)
- Raymond Schaack: Voyages dans l'imaginaire (2011)
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Quand deux trains se croisent, 2005, 132 S., Ed. Saint-Paul, 940 S. (2 Vol.), ISBN 978-2-87996-781-3, och als digitaalt Buch disponibel.
- La quatrième saison : journal de 2002 - 2009, 2010, 940 S. (2 Vol.), Ed. Imprimerie Centrale, ISBN 978-2-87996-580-2.
- Pages sans défense : 50 poèmes, 2015, 57 S., Ed. Chloé des Lys (Barry), ISBN 978-2-87459-846-3, och als digitaalt Buch disponibel.
- Les écluses de la mémoire, 2016, 126 S., Ed. Imprimerie Centrale, ISBN 978-2-87978-194-5.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Schmit, Sandra, 2007. Schumacher, Pierre. S. 558 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
- Michel Schroeder, 2016. Un livre d'art et de balades médiatives : Pierre Schumacher publie... an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, Nr. 236, S. 9.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)NAISSANCES. Luxembourg (1935), 2. Jg., nº 6, p. 6. (06.01.1936). Gekuckt de(n) 16.06.2024.