Op den Inhalt sprangen

Pilsner Urquell

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer eng Entreprise ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pilsner Urquell
Grënnungsdatum 1842
Homepage http://www.pilsnerurquell.com/
Brauereispaart

Pilsner Urquell, op Tschechesch Plzeňský Prazdroj ass e Béier, deen zanter 1842 zu Pilsen (Plzeň), der véiertgréisster Stad an der Tschechescher Republik, gebraut gëtt.

De Pilsener Urquell, dee vum bayeresche Braumeeschter Josef Groll entwéckelt gouf, ass de Modell vun alle spéidere Pils-Béierzorten. Fir d'Produktioun gëtt Happ aus der Géigend ronderëm Žatec gebraucht. De Goût vum Pilsener Urquell ass zimmlech batter.

Kuerz nodeem Pilsen als Stad 1295 gegrënnt gouf, krut et d'Recht fir ze Brauen. Fir d'éiescht schrëftlech ernimmt gouf d'Béierbrauen am Joer 1307, wéi de Wolfram Zwinilinger seng Brauerei a seng Mälzerei der Helleger Bartelméis-Kierch mat Testament vermaach huet.

Pilsener Urquell ass och zu Lëtzebuerg ze kréien.

D'Brauerei gehéiert zanter 2017 zum japanesche Brauereiskonzern Asahi Beer.

Commons: Brewery Plzeňský Prazdroj – Biller, Videoen oder Audiodateien