Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Déi réimesch Mythologie beschäftegt sech mat de Virstellunge vun der anticker, réimescher Welt vun de Gëtter an Helden. Déi ursprénglech réimesch Bauererelioun war virun allem vu Personifikatioune vun der Natur a vun Naturereegnisser beherrscht (z. B. Tellus = Äerd, Ops = Karschnatz, Ceres = Kar). Eréischt zanter dem 5. Joerhonnert v. Chr. hunn d'Réimer, ënner dem Afloss vun den Etrusker, ugefaangen d'Gëtterwelt vun de Griichen unzehuelen. Sou entspriechen e sëllege réimesch Gëtter deenen aus der griichescher Mythologie, mä déi réimesch Mythologie ass net sou staark wéi déi griichesch mat Gëtter an Helde bevëlkert. D'Gläichsetzung vu frieme Gëtter mat hiren eegenen, déi sougenannt Interpretatio Romana ass zum besonnesche Charakteristikum vum réimeschen Ëmgang mat frieme Kulten a Relioune ginn.
jongfreelech Gëttin vun der Wäisheet, Schutzpatréinesch vun den Helden, de Stiet, dem Akerbau, de Kënscht an de Wëssenschaften, vum Handwierk, vum (strategesche) Krich a vum Fridden