Taschkent
Taschkent | |
---|---|
Land | Usbekistan |
Vewaltungseenheet | Usbekistan |
Awunner | 2.956.384 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 334,8 km² |
Héicht | 455 m |
Koordinaten | 41°18'40"N, 69°16'47"O |
Postcode | 100000 |
Websäit | https://tashkent.uz |
Taschkent ass d'Haaptstad vun Usbekistan. Offiziell huet se 2 Milliounen Awunner, mä inoffiziell gëtt geschat datt an där immens wäitleefeger Stad ronn 4,5 Millioune Leit liewen.
Si gëtt eng éischt Kéier am 3. Joerhonnert v. Chr. a schrëftleche Quellen ernimmt an ass als Oas beim Tschirtschik Floss entstanen. Den Numm bedeit déi "stenge Stad".
Beim Äerdbiewen 1966 ass d'Stad staark zerstéiert ginn. Am Zentrum sinn nach e puer Bauwierker vun alusbeekescher Architektur erhale bliwwen an d'Alstad am Nordwesten huet hiren orientalesche Flair behalen. Enn der 1960er an an den 1970er Joren ass se fir de Rescht komplett nees opgebaut ginn, mat ville Parken. 1977 huet se als eenzeg Stad an Zentralasien eng Metro kritt. Och haut ass d'Stad ëmmer nach am Ëmbroch, all puer Joer gëtt se plazeweis op modern usbeekesch Aart a Weis ëmgebaut.
Fotosalbum vun der Stad
[änneren | Quelltext änneren]-
Prënz-Romanow-Palais
-
Navoi-Theater
-
Westminster International Universitéit
-
Musée vun der Ugewannter Konscht
-
Zwillingsauertuerm
-
Oliy Majlis, d'Parlament
-
Amir Timur Denkmal
-
Fernseetuerm
-
Hotel Taschkent Palace
-
O'Zbekneftgaz Gebai
-
Haaptgare
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Taschkent – Biller, Videoen oder Audiodateien |